Adventszäit – gemittlech Zäit
Kategorien: AllgemeinLo fänkt di weihnachtlich Joreszäit un.
2020 huet ons all bis lo seltsam Wochen an Méint bescheert , et waren an sinn awer och schéin an flott Momenter an Deeg dobäi , ëmmer rëm.
An sou bleift et och.
Alleguer hunn bis lo dat Bescht aus der Situatioun gemaach.
Chrëschtbeliichtung hänkt an den Stroossen de Chrëschtbam steet scho um Moart a wäert geschwënn beliicht sinn.
Di gemittlech Adventstëmmung däerf net feelen.
Är lokal Geschäfter an Betriber sinn fir iech do.
Et sinn flott weihnachtlich Dekoratiounen an de Vitrinne , Regaler sinn gutt gefëllt mat schéinen Saachen fir Grouss a Kleng.
Restaurant bidden iech saisonal Leckereien.
Wenn sech eppes ännert an e Lockdown keim, wäerten vill Betriber motivéiert weider schaffen an iech Take Away Iessen ubidden, Geschäfter iech är Produkter an Saachen natierlech heem liwweren an gären och als Geschenk verpaakt.
Lokal kafen mécht Freed an bréngt Freed.
Dat huet am Ufank vun Covid-19 scho super geklappt.
Bleift all gesond, respektéiert w.e.g Reegelen